Kannerlidder aus Lëtzebuerg an aus der ganzer Welt
E Matmaach-Concert fir Kanner vu 4 bis 9 Joer an hir Elteren.
E Projet vum Dan Tanson & Georges Urwald.
Nächst Concerten:
14. Juni 2017, 14h30, Kulturhaus Niederanven, scolaire
15. Juni 2017, 10h00, Kulturhaus Niederanven, scolaire
16. Juni 2017, 19h00, Fête de la musique, Kulturhaus Niederanven
01. Juli 2017, 16h00, CUBE, Marnach

Concerten 2017:
28. Mee 2017, 16h00, Esch-Alzette, Théâtre Municipal, tout public
29. Mee 2017, 9h00, Esch-Alzette, Théâtre Municipal, scolaire
29. Mee 2017, 10h30, Esch-Alzette, Théâtre Municipal, scolaire
03. Abrëll 2017, Conservatoire de la Ville de Luxembourg, scolaire
04. Abrëll 2017, Conservatoire de la Ville de Luxembourg, scolaire
29. Mee 2017, 10h00, Esch-Alzette, Théâtre Municipal, scolaire
22. Januar 2017, 16h00, CAPe Ettelbréck, tout public
23. Januar 2017, 10h00, CAPe Ettelbréck, scolaire
13. + 14. Juni 2017, scolaires, Kulturhaus Niederanven
16. Juni 2017, 19h00, Fête de la musique, Kulturhaus Niederanven
01. Juli 2017, 16h00, CUBE, Marnach
Tickets: www.luxembourg-ticket.lu
Den éischten MULLEBUTZ-CD mat enger Live-Opnam vun de Concerten am Kapuzinertheater vum Mee 2015

60 Minutten feinste Mullebutz-Spaas fir di ganz Famill!
D’Release wor den 29. Dezember 2015 um 11h am Groussen Theater.
De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen komme vun enger laanger Rees nees zeréck Heem op Lëtzebuerg. Hiert Häerz ass voller Musek an de Kapp ass voller Erënnerungen un d’Länner déi si gesinn hunn. Ma doheem ass et awer am schéinsten an dofir wëlle si mat hire Frënn e grousst Fest feieren. An Dir sidd invitéiert! De Kapitän Mullebutz, d’Madame Li an d’Séisswaassermatrousen sange flott Kannerlidder vun heiheem an aus frieme Länner. D’Lidder erziele vun den Abenteuer déi si erlieft hunn, vum Liewen u Bord a wat ee brauch fir e richtege Matrous ze sinn.
De Kapitän Mullebutz & seng Séisswaassermatrousen spillen bekannte Vollekslidder & Kannerlidder vum Pir Kremer/Jempy Kemmer, Toni Schuster/Marcel Reuland, Michel Lentz, Georges Urwald, Romy Grangenet a Ralph Kilburg an anerer. Si invitéieren d’Kanner zesumme mat hiren Elteren, e flotten Nomëtteg ze erliewen.
D’Uropféierungen wore vum 15. bis 18. Mee 2015 am Kapuzinertheater vun der Stad Lëtzebuerg.
Produktioun: Chantier mobile asbl
Koproduktioun: Les Théâtres de la Ville de Luxembourg
Mat der Ënnerstëtzung vum Ministère de la Culture, der Sacem & der Fondation indépendance.














